Vakanzlocatiounen an der Provence: Hausvermietung, Gäschtwunnengen

Vun 2 bis 14 persounen

Wëll Dir Iech eng Vakanz op enger Insel an
der Provence gönnen?
De Soleil Ocre ass fir Vakanzlocatiounen ageriicht.

Eist Vakanzhaus läit no bei Avignon op der Insel Barthelasse, net wäit eweg vum Palais des Papes, an am Juli vum Festival d’Avignon, un den Diire vu Luberon en Provence an dem Mont Ventoux.

De Soleil Ocre ass am mediterrane Styl gebaut, huet eng Baussepiscine (12mX6m) a läit an enger Parkanlag vun 1 Hektar. Verschidden Zëmmer si klimatiséiert a si mat Léift a vill Goût miwwléiert. D’Schloofzëmmeren hu konfortabelt Bettgeschiir an Handdicher. D’Internetuschloss ass frei a gratis. Fir Är Secherheet kann de Parking zouegespaart ginn. Iwwer d’ganzt Joer bidde mir Iech verschiddenen

Locatiounsméiglechkeeten un :
- d’Locatioun vum ganzen Haus (bis 14 Persounen)
- 2 Eenzelwunnengen (vun 2 bis 10 Persounen) oder

Den historesche Stadzentrum vun Avignon a vun Villeneuve-lès-Avignon kënn Dir a 5 Minute mamm Auto erreechen.


Iwwer di Haaptverkéiersachse kënn Dir Ausflig an di touristesch Géigende wéi d’Camargue, de Littoral um Mëttelmiir oder a verschidde wonnerschéin Dierfer, wéi Vaison-la-Romaine, Isle-sur-la-Sorgue, Roussillon, Bonnieux, Lourmarin, St.-Rémy-de-Provence, Les Baux de Provence, Uzès, … ënnerhuelen. Net ze vergiessen, op der Insel an an hirer Emgéigend kënn Dir Sport- a Fräizäitaktivitéiten an aller Rou nogoen : Fouss- a Radtouren, VTT, Reiden, Tennis, Rudersport, Golf, Fëschen, Flosscroisièren, …

Mir wärten eis eng Freed draus maachen, Iech bei eis empfänken ze dierfen, an Iech an enger entspaanter a multikultureller Ambiance ze leeden.

Kontakt :

Contact :